Panorama
Panorama
De Fonds du Logement muss schonn erëm en neien Direkter sichen, den Eric Rosin hält no manner wéi engem Joer op
D'Chamber huet de Mëtteg eestëmmeg eng Gesetzespropositioun vum LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry ugeholl iwwert d'Reform vun der Finanzéierung vun de Wahlcampagnen
Den OGBL-President André Roeltgen kritiséiert d'Pläng vun der Regierung: All Land, dat d'Betribsbesteierung géif erofsetze géif Steierdumping maachen
Den ArcelorMittal-Produktiounssite zu Rodange liwwert d'Schinne fir d'Erweiderung vun der Tram-Streck vun der Stäreplaz bis op d'Stater Gare
Et ass Masutt an der Donkelserbaach - d'Equippe vum CGDIS, vum Waasserwirtschaftsamt, vun der Depollutiounsunitéit vum Stauséi, vum SEBES a vun der wallounescher Ëmweltpolice sinn am Gaangen, d'Pollutioun un der Source ze stoppen
D'CSSF warnt virun enger Entitéit, "Ligget Krier Investment Brokerhouse", déi der Finanzopsiicht net bekannt ass déi keen Agreement huet
Den Owend stëmmt dat britescht Parlament eng zweete Kéier iwwert de Brexit-Deal of - d'Premierministesch Theresa May huet schonn ugekënnegt, iwwert d'Backstop-Léisung noverhandelen ze wëllen
Déi palestinensesch Regierung huet hir Demissioun beim President Mahmut Abbas agereecht
De Procureur General vum Venezuela huet d'iewecht Geriicht gefrot, dem selwer-ernanntem Interimspresident Juan Guaido ze verbidden d'Land ze verloossen a seng Konten anzefréieren
Déi brasilianesch Police huet fënnef Leit festgeholl am Kader vum Abroch vun Dämm bei enger Minn d'lescht Woch