Panorama
Panorama
London: Britescht Parlament huet an engem Vote d'Theresa May ënnerstëtzt fir de Backstop am Brexit-Akkord nei mat der EU ze verhandelen, d'EU widderhëlt awer, dat wier net méi negociabel
Fonds du Logement: Direkter Eric Rosin trëtt zeréck no manner wéi engem Joer
Frank Engel: Neien CSV President seet hien hätt sech näischt ze reprochéieren no der Kritik u sengem Engagement bei enger privater Militärfirma
Chamber: Ëffentlech Debatt de Moien iwwert zwou Petitiounen iwwert d'Fëmmen op Terrassen
Wahlcampagne-Finanzéierung: Chamber stëmmt unanime fir Reform
Venezuela: De Juan Guaidó, selwer-ernannten Iwwergangspresident, dierf d'Land bis op Weideres net méi verloossen, sou eng Decisioun vum Ieweschte Geriicht
UNO: Risk fir Flüchtlingen, bei der Rees iwwert d'Mëttelmier ze stierwen, wier geklommen, sou den UNHCR
Seawatch 3: Italien muss 47 Flüchtlingen u Bord vum Rettungsschëff sou séier ewéi méiglech hëllefen, sou den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter
Futtball: Monaco verléiert an der Hallef-Finall vun der Coupe de la Ligue géint Guingamp