Panorama
Panorama
2018 war dat schlëmmste Joer fir d'Lëtzebuerger Fongenindustrie zanter der Kris 2008 - dee Bilan zitt d'Associatioun vun der Fongenindustrie ALFI - Lëtzebuerg wier awer weiderhin en attraktive Standuert
Zigarette fëmmen am ëffentleche Raum soll net weider ageschränkt ginn, Cannabis wäert net dierfen an der Ëffentlechkeet consomméiert ginn
De Gesetzesprojet iwwert de Jugendschutz soll bäibehale ginn, dat ass de Moien an der Chamber-Justizkommissioun decidéiert ginn
"Europa entsteet an der Groussregioun": mat dem Saz huet d'Saarland haut d'Presidence fir d'Groussregioun vu Lëtzebuerg iwwerholl
Et gëtt keng Alternativ zum Backstop - dat sot den EU-Chef-Negociateur Michel Barnier een Dag nom zweete Brexit-Vott am britesche Parlament
No bal zwou Wochen dierfe 47 Mënschen, déi aus dem Mëttelmier gerett goufen, u Land - och Lëtzebuerg huet sech bereet erkläert, Migranten opzehuelen
Zu Bastia an der Corse huet haut am Nomëtten e Mann ronderëm sech geschoss a fënnef Persounen dobäi blesséiert
Wann d'USA probéiere géifen, am Venezuela anzegräifen, missten si sech op Schlëmmeres gefaasst maache wéi am Vietnam-Krich, seet de President Nicolas Maduro
Den Owend ginn zu Wien "d'Austria Film Awards" iwwerreecht, ënnert de Favoritte sinn zwou lëtzebuergesch Koproduktiounen
Iwwerreschter vu Sëtzer déi op enger franséischer Plage fonnt goufen komme wahrscheinlech vum Fliger vum argentinesche Fussballspiller Emiliano Sala