Panorama
Panorama
Lëtzebuerg huet de Juan Guaido als Interimspresident vum Venezuela unerkannt
De Grand-Duché schéckt nach ëmmer Asyldemandeuren zréck an Italien, trotz de Konditiounen déi si do erwaarden - "mir kennen Italien net kontrolléieren" seet dozou den Ausseminister
Zwee Agente vun der Gesondheetskeess hu bannent der Verwaltung Fongen detournéiert
De Charles Goerens an d'Monica Semedo si Spëtzekandidate fir d'Europawahle fir d'DP
Nach ass net kloer, wéi een Impakt d'Moossnamen, déi am Koalitiounsprogramm virgesi sinn, fir d'Gemengen hunn. Dat seet de Syvicol, deen haut zesummekoum
Nom Konsumenteschutz reagéiert och den Automobilclub op d'Hausse vun de Präisser bei den technesche Kontrollstatiounen
D'lescht Joer waren d'CIPAen, also d'Altersheemer an d'Fleegeheemer zu 96 respektiv 97 Prozent ausgelaascht
Déi investigativ franséisch Online-Noriichtesäit Mediapart huet de Moie eng Perquisitioun refuséiert - dat am Kader vun der Benalla-Affär
Bei engem Attentat op een Akafszenter zu Mogadischu, der Haaptstad vu Somalia, sinn op d'mannst 14 Mënschen em d'Liewe komm, a 15 Persoune goufe blesséiert
Am Äermelkanal ass de Moien de Fliger vum argentinesche Fussballspiller Emiliano Sala entdeckt ginn. Am Fliger ass eng Läich fonnt ginn, et ass awer nach net kloer wien et ass