arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng aner Vue
Well et am 19. Joerhonnert nach keng Diske gouf, war et flott, grouss symphonesch Wierker an enger Pianosversioun ze hunn. Esou konnt een doheem an der gudder Stuff déi neiste Wierker héieren. Als exzellente Pianist huet de Johannes Brahms vu senge Symphonië selwer Fassunge fir zwee Pianoe gemaach. Den Duo Adrienne Soos an Ivo Haag ass am Gaang, déi véier Symphonien op Disk opzehuelen. Elo ass déi drëtt Symphonie erauskomm.