CD-Klassik
Boccherini mat der Cellistin Ophélie Gaillard
De Luigi Boccherini war en Zäitgenosse vum Joseph Haydn, Wolfgang Amadeus Mozart oder nach Carl Philipp Emanuel Bach. Allerdéngs bleift hie zu Onrecht immens ënnerschätzt.
Den dueblen Disk Boccherini ass eng weider Contributioun fir dem Italiener seng Msuek nees ënner d'Leit ze bréngen. Am Mëttelpunkt steet den Cello mat der Solistin Ophélie Gaillard, mee och e Stabat mater mat der Sopranistin Sandrine Piau.
De Manuel Ribeiro ass vum Disk zimlech iwwerzeegt.
Boccherini; 2 CD AparteMusic AP194:
Concerti fir Cello Nr. 6 a n.9
Sinfonie n.6 - La Casa del Diavolo
Quintett fir Sträicher - La Musica Notturna delle Strade di Madrid
Stabat Mater
Sonate fir Cello a Pianoforte Nr. 2
Cello: Ophélie Gaiilard; Soprano: Sandrine Piau; Pulcinella Orchestra