CD-Klassik
Eng Ode un de François Couperin
A Frankräich gouf de François Couperin d'lescht Joer (2018) vill gefeiert, sief et mat Opféierunge vun Operen oder mat Concerten. Och den Dirigent a Clavecinist Christophe Rousset huet seng Contributioun dozou geleescht, ënner anerem a Form vun engem duebelen Disk: "Couperin & Moi". Zesumme mat sengem Ensembel Les Talents Lyriques proposéiert de Christophe Rousset, de François Couperin duerch ganz ënnerschiddlech Wierker, ze entdecken, sief et Vokalstécker, Orchesterwierker oder Miniature fir de Clavecin.