Panorama
Panorama
De Rafael Halet erhofft sech am 100,7 Interview, datt hie vum EU-Mënscherechtsgeriichtshaff als Whistleblower unerkannt gëtt.
D'Chamber huet de Mëtteg gréng Luucht gi fir eng Parti Infrastrukturprojeten ze plangen. 22 Projeten si fir d'Mobilitéit a fir d'Stroosseninfrastrukture geduecht.
An der Belsch sinn op de Flughäfe vun haut den Owend 10 bis muer den Owend 10 Auer keng Start a Landunge méiglech, well de Fluchraum gespaart ass.
EU-Ombudsman Emily O'Reilly: Bei der Nominatioun vum Martin Selmayr als Generalsekretär vun der EU-Kommissioun wier d'EU Recht net agehale ginn.
D'Theresa May fuerdert méi Zäit an Ënnerstëtzung vun den Deputéierte fir Ännerungen um Austrëtts-Accord ze fannen.
Am Fussball ass den Owend den Optakt vun den Aachtels-Finallen an der Champions League.