arrow_back_ios
CD-Klassik
Egmont
Wann een dësen Numm iergendwou op engem Concertsprogramm liest, ass d'Wahrscheinlechkeet grouss, datt direkt hannendrun de Begrëff "Ouverture" steet. Quasi lassgeléist vu sengem Kontext, der "Schauspielmusik" zum Johann Wolfgang von Goethe sengem Trauerspill "Egmont", ass d'Ouverture immens beléift.
De ganze Rescht kritt een nëmme seelen ze héieren. Zesumme mat sengem Chefdirigent Dirk Kaftan huet de Beethoven Orchester Bonn dësen Opus elo ganz opgeholl an op CD publizéiert.