Panorama
Panorama
Explosioun de Moien um Waldhaff am Munitiounsdepot vun der Arméi. Véier Persoune wiere blesséiert ginn, seet d'Spriecherin vun der Arméi.
Déi éischt Aarbechte fir den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn A3 sollen d'nächst Joer ufänken.
D'Reserve vun der Pensiounskeess hätt sech d'lescht Joer positiv entwéckelt. De gesamte Montant wier méi grouss wéi fir de vireschten Excerice, esou de Romain Schneider.
D'europäesch Riichter hunn eng Decisioun vun der EU-Kommissioun wéinst presuméierten illegale Steiervirdeeler fir international Betriiber an der Belsch gekippt.
An der EU gëtt et ee virleefegen Accord iwwer eng Reform vun den Droit d'Auteuren. Déi europäesch Verbraucherschutzorganisatioun kritiséiert den Accord.
Wat geschitt bei engem ongereegelten EU-Austrëtt vu Groussbritannien am Aviatiouns-Beräich? Doriwwer goufen d'Deputéierten aus den zoustännege Chamberkommissiounen de Moien informéiert.