Panorama
Panorama
An deene leschte Joerzéngte si vill Vullenzorten zu Lëtzebuerg zeréckgaangen oder souguer komplett verschwonnen, seet den Ornitholog Patric Lorgé vun Natur an Ëmwelt.
Zu Wëntger hunn onbekannten Täter ee Geldautomat an d'Luucht gesprengt.
Et ass eng historesch Première: De Poopst François huet am Kader vun engem Mëssbrauchsskandal e Kardinol defroquéiert.
Zu Chicago an den USA si bei enger Schéisserei an enger Fabrick sechs Mënsche gestuerwen, dorënner och den Täter.
A Frankräich war haut de 14. Aktiounsdag vun de Gilets jaunes. Op en Neits hunn uechter d'Land dausende Leit manifestéiert.
Den amerikanesche Vize-President Mike Pence huet d'EU opgefuerdert de venezuelaneschen Oppositiounspolitiker Juan Guaido als Interimspresident unzëerkennen.
De Schwäizer Acteur Bruno Ganz ass hënt am Alter vu 77 Joer gestuerwen
Bei de Schi-Weltmeeschterschaften a Schweden konnt sech haut d'Mikaela Schiffrin fir déi véierte Kéier hannereneen am Slalom duerchsetzen. D'Amerikanerin setzt domat en neie Rekord.