Panorama
Panorama
Vu September u kann een op der Uni Lëtzebuerg ee Space Master maachen. Mat där Spezialiséierung wëllt ee sech am New-Space-Beräich international un der Spëtzt positionéieren.
Den Enneroffizéier, dee gëschter bei der Explosioun am Munitiounsdépot vun der Arméi um Waldhaff schwéier blesséiert gouf, ass an engem stabelen Zoustand, huet de Verdeedegungsminister François Bausch de Muere gesot
D'Zuel vun de Leit, déi 2017 vum Congé parental profitéiert hunn, huet sech am Verglach mam Joer virdru bal verduebelt, dat bedeit och méi Ausgabe fir de Staat, geet aus engem neie Rapport vun der IGSS, der Inspection generale de la sécurité sociale ervir.
Den US-President Donald Trump wëllt den Etat d'Urgence ausruffe fir kënnen de Bau vun enger Mauer un der mexikanescher Grenz ze finanzéieren.
"De Fridden tëschent Äthiopien an Eritrea ass eng Chance fir d'Stabilitéit an der ganzer Regioun vum Horn vun Afrika." Dat ass eng vun de Conclusioune vum Ausseminister Jean Asselborn, deen dës Woch a béide Länner op Visite war.
A Spuenie sinn den 28. Abrëll virgezunne Parlamentswahlen. De sozialistesche Ministerpresident Pedro Sanchez huet dat haut annoncéiert.