Panorama
Panorama
De Gilbert Girsch ass de Successeur vun der Martine Deprez un der Spëtzt vun der UGDA, der Union Grand-Duc Adolphe. An eisem Riicht eraus sot déi fréier Presidentin, hie wier wuel och gewëllt fir dat zukënfteg ze bleiwen.
D'Police warnt, datt Leit, déi Munitioun fannen, dës net sollen upaken, mee direkt der Police solle mellen.
Et ass eng schwiereg Fro, mat där Groussbritannie sech dës Woch beschäftegt huet: Dierf eng schwanger jonk Britin, déi sech dem Islamesche Staat ugeschloss hat, zeréck an hiert Heemechtsland oder net?
An Däitschland stinn am Hierscht dräi Landtagswahlen am Osten un. D'CDU steet staark ënner Drock, mee op d'Hëllef vun der Kanzlerin wëllen d'Landesverbänn trotzdeem net zeréckgräifen.
Däitschland ass am Gaangen e Gesetz fir den Insekteschutz auszeschaffen. Dat sot d'Ëmweltministesch Svenja Schulze der däitscher Wochenzeitung Bild am Sonntag
Zu Paräis gouf haut de Mueren eng Bomm aus dem Zweete Weltkrich neutraliséiert. Eng 1.800 Mënschen hunn dofir missten evakuéiert ginn.
Bei de Schiweltmeeschterschaften a Schweden huet den Éisträicher Marcel Hirscher fir d'drëtte Kéier Gold an der Slalom-Course gewonnen, de Lëtzebuerger Mathieu Osch hat am 1. Laf schonn opginn.