Panorama
Panorama
Aacht Joer Prisong, fënnef dovun op Sursis probatoire, dat war d'Uerteel haut géint e suspendéierte Schoulmeeschter vu Biissen, deen ënner anerem wéinst Attentat à la pudeur géint mannerjäreg Schüler ugeklot war
Zu Dikrech war et haut den Optakt an engem Prozess géint e Mann, dee soll versicht hu Mënschen a Groussbritannien ze schleisen.
Haut war an der Kasär um Härebierg eng Abschidszeremonie fir déi zwee Ënneroffizéier, déi d'lescht Woch bei der Explosioun am Munitiounsdepot vun der Arméi um Waldhaff ëm d'Liewe komm waren
No engem Abroch um Briddel sinn zwee Männer op der Flucht, mellt d'Police.
Wéi eng Konsequenzen hätt en haarde Brexit op d'Fluchrechter an Europa? Lëtzebuerg huet mat der EU eng gutt Léisung ausgehandelt, fënnt den Transportministère.
D'Europäesch Zentralbank huet zejoert e Benefice vun 1,6 Milliarden Euro gemaach.
Op der Insel Hokkaido am Norde vu Japan gouf et nees en Äerdbiewen. D'Biewen hat eng Stäerkt vu 5,5 op der Richterskala an hat säin Epizentrum ëstlech vun der Stad Chitose.
Am Kazakhstan huet de President Noursoultan Nazarbaïev haut seng ganz Regierung entlooss.