Panorama
Panorama
Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo léisst d'Kritik vun déi Lénk net gëllen, datt d'Awunner vun Esch net genuch iwwer aktuell Projeten an der Gemeng informéiert wieren.
D'CSV-Deputéiert Viviane Reding kandidéiert net bei den Europawahlen
De geplangte Verkaf vum ArcelorMittal Wierk zu Diddeleng un de britesche Group Liberty House ass nach ëmmer net an dréchenen Dicher. Den OGBL ass iwwerdeems net iwwerzeegt, datt d'Moyenen do sinn, fir d'Wierk ze erhalen.
Zu Paräis sinn haut ronn 1.000 Schüler a Studenten op d'Strooss gaangen, fir fir de Klimaschutz ze demonstréieren, de 15. Mäerz ass och zu Lëtzebuerg eng Aktioun geplangt.
D'Konkurrenz-Autoritéit an Italien huet elo Geldstrofe fir zwou Bëlleg-Fluchgesellschafte decidéiert, wéinst hiren neie Gepäck-Reegelen.
En haarde Brexit wär eng Lose-Lose-Situatioun fir Groussbritannien, d'EU a fir Irland. Dat sot den ireschen Ausseminister a Vizepremier Simon Coveney bei der Presentatioun vu sengem Noutfallplang fir Irland, am Fall vun engem No-Deal-Brexit.