Panorama
Panorama
Et gëtt nach ëmmer no engem Datum gesicht fir de Srel-Prozess. De Prozess wäert deemno wahrscheinlech net méi virun der Summervakanz sinn.
Den definitive Staatsbudget fir dat lafend Joer gëtt den nächsten Dënschdeg, 5. Mäerz an der Chamber deponéiert a presentéiert.
Educatiounsminister: Keng Intentioun fir eng Fusioun tëschent ENAD, SFA, CNFPC an INL.
Zu Steesel ass een Aarbechter bei engem Aarbechtsaccident de Moie gestuerwen.
D'Memberstaate vun der EU a vun der arabescher Liga wëllen hir Zesummenaarbecht ausbauen. Dat hu béid Säiten um Sommet zu Scharm El Scheich festgehalen. De Premier Xavier Bettel huet do iwwer Toleranz an Diversitéit geschwat.
Den EU-Rotspresident Donald Tusk géif et raisonnabel fannen, wann de Brexit-Datum no hanne géif verréckelt ginn.
IGH: D'britesch Herrschaft bannent Joerzéngten iwwer de Chagos-Archipel géif géint d'Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker verstoussen.