CD-Klassik
Eng Ode un d'Mënschlechkeet
Dem Gabriel Fauré säi Requiem ass net opulent mee schlicht, an dat mécht et, wat e bestëmmt zu deene schéinste Wierker aus dem Genre mécht. De Requiem ass net en Trauerstéck, mee éischter eng melancholesch Berceuse, wou méi Liicht wéi Schiet duerchdréngt.
Um Disk, erauskomm bei Aparte Music, sinn awer och nach Chouerwierker vu Poulenc an Debussy, déi een onbedéngt entdecke sollt. De Manuel Ribeiro huet an den Disk mam Orchester Les Siècles an de Chouer Aedes, eragelauschtert.
Gabriel Fauré: Requiem, opus 48
Francis Poulenc: Figure humaine - Cantate pour double choeur mixte a capella
Claude Debussy: Trois chansons de Chalres d'Orléans
Ensembles Aedes; Les Siècles; Direktioun: mathei Romano; CD Aparte Music AP201