Panorama
Panorama
D'CO2-Emissiounen sollen hei am Land bis 2030 ëm 50 bis 55 Prozent par Rapport zu 2005 gedréckt ginn. Fir dat ze erreeche soll an den nächste Méint en nationale Plang mat méi konkrete Moossnamen ausgeschafft ginn, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Marc Hansen: D'Reform vum Stage am ëffentlechen Déngscht dierft an den nächste Méint gestëmmt ginn.
Lëtzebuerger Plattform vum Weltfraendag fuerdert Nominatioun vun engem EU-Kommissäre-Poste fir Chancëgläichheet.
Den Transport a Logistikgrupp Jost soll Bedruch an Héicht vu 65 Milliounen Euro bedriwwen hunn.
Den US-President wier "e Rassist, Gauner a Fuddeler". Dat sot säi fréieren Affekot Michael Cohen virun der zoustänneger Enquêtë-Kommissioun am Representantenhaus.
Dausende Leit wieren aus den Dierfer am Kaschmir fortgelaf wéinst de Spannungen tëschent Pakistan an Indien.