Panorama
Panorama
Ee Fënneftel vun de Privatproprietairen besëtzen 80 Prozent vun der Valeur vun de Bauflächen. Dat geet aus enger Etüd vum Observatoire de l'habitat ervir.
Ee vun de néng Gemengeconseiller vum Helperknapp erkläert am 100,7 Interview, firwat si d'Demissioun vum Buergermeeschter a vum Schäfferot fuerderen.
D'Eisebunnsgewerkschaften Landesverband a Syprolux kritiséieren d'Kommunikatioun vun den CFL.
Den Delai fir EU-Bierger fir sech op d'Wielerlëschte vun der Europawahlen anzedroe leeft haut um 17:00 of.
Den Educatiounsminister Claude Meisch presentéiert Initiativ Bildung am Dialog.
Frankräich muss engem jonken Afghan 15.000 Euro Entschiedegung bezuelen, wéinst den Zoustänn am Dschungel zu Calais. Zu deem Uerteel kënnt den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff.