Panorama
Panorama
Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich entschëllegt sech offiziell fir d'Fäll vu sexuellem Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch. Tëscht 2011 an 2018 goufe 24 där Fäll iwwert d'Telefonshotline gemellt.
D'LSAP publizéiert hir Kandidatelëscht fir d'Europwahlen. 3 Fraen an 3 Männer hunn sech do opgestallt, et soll eng Mann-Fra-Duebelspëtzt ginn.
Iwwert eng Reform vun der Grondsteier wëllt d'Logementsministesch Sam Tanson Propriétairen dozou bewegen hir eidel Terrainen ze verkafen.
Déi héich Investissementer an de Schinne-Réseau an an neit Material missten dozou féieren, datt d'Situatioun bei der Eisebunn sech an den nächste 5 Joer staark verbessert, soen déi Responsabel vun der CFL.
Bis den 31. Juli kënnen Intresséierter hir Projete fir Esch 2022 erareechen.
De Procureur Général an Israel wëllt de Premierminister Benjamin Netanjahu wéinst Korruptioun ukloen.
De britesche Staatssekretär fir Landwirtschaft, George Eustice, huet wéint dem Brexit-Chaos demissionéiert.
Déi däitsch-lëtzebuergesch Tëlésserie "Bad Banks" ass an Däitschland fir d'gëlle Kamera nominéiert.