Panorama
Panorama
Am Kader vun der Enquête ronderëm eng Police-Interventioun, bei där d'lescht Joer am Abrëll eng Persoun ëm d'Liewe komm war, gouf elo ee Polizist ugeklot.
Et kann ee Proprietären net mat der Peitsch dozou beweegen, hir Terrainen ze verkafen, seet de President vun der Chambre immobilière Jean-Paul Scheuren
D'Transport-Entreprise Jost hält sech net un d'Kollektivverträg an och soss géif et kriminell Energië ginn, seet de Romain Daubenfeld vum OGBL.
Lycéesschüler kënne vun hire Schoule fräigestallt gi fir de 15. Mäerz un der Manifestatioun Global Strike for future deelzehuelen, huet den Educatiounsminister Claude Meisch decidéiert.
Pakistan huet den indesche Pilot, deen e Mëttwoch festgeholl gouf, haut nees fräigelooss.
Demonstratioune géint d'Kandidatur vum algeresche President Bouteflika fir d'Presidentschaftswahlen.
Bei der Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Glasgow a Schottland steet de Bob Bertemes am Bommstoussen an der Final.