Panorama
Panorama
D'Gesetz iwwert Zäitspuerkonte fir d'Salarié'en am Privatsecteur soll nach virum Summer gestëmmt ginn.
Den Ënneroffiziéier, dee bei der Explosioun um Waldhaff Mëtt Februar schwéier blesséiert gouf, wier aus dem Koma erwächt. Dat sot de grénge Verdeedegungsminister François Bausch géintiwwer RTL.
D'Stèle op der Plaz vun der fréierer Synagogue zu Stroossbuerg gouf an der Nuecht vandaliséiert.
16ten Akt vun de gilets jaunes dëse Weekend a Frankräich. Eng 5000 gilets jaunes wieren am fréie Mëtten op d'Strooss gaangen, esou den Inneministère.
D'Tierkei huet zwee däitsche Journalisten hier Presseakkreditéierung net erneiert an domadder fir dei diplomatesch Tensiounen tëscht béide Länner gesuergt.
An Algerien ginn iwwerdeems d'Protester géint de President weider.
Sport: Roger Federer huet zu Dubai säin honnersten Tournoi gewonnen.