arrow_back_ios
CD-Klassik
Start vun enger neier Intégrale
Et si schonn iwwer 20 Joer hier, datt d'Göteborger Symphoniker ënner hirem deemolege Chefdirigent Neeme Järvi ee Sibelius-Zyklus opgeholl hunn, eng Produktioun, déi genuch Succès hat, fir se zéng Joer drop nach eng Kéier erauszebréngen. Domadder ass et awer net gedoen, well den Orchester lancéiert elo eng nei Sibelius-Intégrale mat sengem neie Chefdirigent, dem Finn Santtu-Matias Rouvali - e Museker, dee vill mat sengem Landsmann Sibelius gemeinsam huet.