arrow_back_ios
CD-Klassik
Challenge gemeeschtert
Haut den Owend (5.3.2019) ass de Release-Concert vun der Debut-CD vun der Hélène Boulègue. Déi laangjäreg Flüttistin vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet Wierker vum André Jolivet opgeholl. Et sinn zum Deel Kompositiounen, déi de Jolivet fir Examen um Conservatoire de Paris geschriwwen huet, wéi de "Chant de Linos", e Wierk, mat deem de Jean-Pierre Rampal säin éischte Präis gemaach huet.