arrow_back_ios
Klassik aktuell
Orphée et Eurydice
Zesummenaarbechten tëschent dem Kinneksbond Mamer, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg an dem Opéra Metz-Métropole ginn et scho méi laang. De 15., 17. an 19. Mäerz 2019 gëtt eng nei Produktioun vun der Oper "Orphée et Eurydice" vum Gluck an der Opéra Metz-Métropole virgestallt. An der Fosse sëtzt den Orchestre de Chambre du Luxembourg, deen ënnert der Direktioun vun der Nathalie Marmeuse steet. D'Regie an d'Choreographie mécht d'Gabriela Gómez Abaitua.