arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bach in the Subways
Den 21. Mäerz 2010 sëtzt den Cellist Dale Henderson an enger Metrosstatioun zu New York a spillt Bach. Et dauert net laang, an de Museker fënnt Kolleegen, déi matmaachen. Aus där spontaner Aktioun huet sech bannen e puer Joer eng international Initiativ ronderëm de Gebuertsdag vum Thomaskantor entwéckelt: Bach in the Subways. Antëschent ass och Lëtzebuerg vum Bach-Virus ugestach.