Panorama
Panorama
D'Ratingsagence Standard and Poor's confirméiert den Triple A fir Lëtzebuerg.
Dausende Schüler hu gëschter zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt fir de Klimaschutz manifestéiert. Si fuerdere méi politeschen Engagement am Kampf géint de Klimawandel.
An der Gemeng Helperknapp huet, no enger deementspriechender Fuerderung vun néng Membere vum Gemengerot, de Buergermeeschter Paul Mangen säi Récktrëtt annoncéiert.
40 Prozent vun de Wieler hu bei de Chamberwahlen zejoert eréischt an där leschter Woch virum Vott decidéiert, wiem si hir Stëmm ginn, geet aus der Enquête Studialux vun der Uni Lëtzebuerg ervir. De Chamberbüro krut gëschter éischt preliminär Conclusiounen doraus presentéiert.
Zu Dikrech gouf gëschter déi nei Brauerei ageweit.
De presuméierten Auteur vun deem duebelen Attentat gëschter an Neuseeland gouf elo offiziell wéinst Mord ugeklot.
Den Donald Trump huet gëschter déi éischte Kéier a senger Amtszäit e Veto ageluecht, dat am Kader vum Sträit ronderëm déi geplangte Grenzmauer zu Mexiko.
Optakt vun der Formel 1-Saison mam GP vun Australien: De Weltmeeschter Lewis Hamilton séchert sech d'Pole-Position.