Panorama
Panorama
Sozial, liberal, europäesch, dat ass de Slogan vun der Demokratescher Partei fir d'Europawahlen de 26. Mee, dee si haut op hirem Kongress ugeholl huet.
Och déi gréng finaliséieren haut de Wahlprogramm fir d'Europawahlen. Do wëllt ee sech ambitiéis Ziler a Saache Klimapolitik setzen.
Bei deene Wahlen wëllt och déi nei Beweegung VOLT mat enger Kandidatelëscht untrieden. Nach huet d'Partei awer net déi néideg Ënnerschrëften zesumme fir hir Participatioun um Vott ze erméiglechen.
Gëschter huet d'Ratingsagence Standard and Poor's den Triple A fir Lëtzebuerg confirméiert.
De presuméierten Auteur vun deem duebelen Attentat gëschter zu Christchurch an Neuseeland gouf offiziell wéinst Mord ugeklot. Déi neuseelännesch Premierministesch wëllt méi streng Waffegesetzer.
Groussbritannie misst fir eng Brexit-Verlängerung iwwer den 30. Juni eraus un den Europawahlen de 26. Mee deelhuelen. Dat geet aus engem Dokument ervir, dat, Diplomaten no, den EU-Ambassadeure vun de 27 EU-Memberlänner gëschter Owend zu Bréissel virlouch.