Panorama
Panorama
Dausende Schüler hunn haut op der ganzer Welt op der Strooss fir de Klimaschutz manifestéiert. Och zu Lëtzebuerg hunn déi éischte Kéier eng 7.000 Studente beim globale Streik fir de Klima matgemaach.
An der Gemeng Helperknapp huet elo, no enger deementspriechender Fuerderung vum Gemengerot, de Buergermeeschter Paul Mangen säi Récktrëtt annoncéiert.
Lëtzebuerg kritt ee véierte SAMU-Auto, dee vum Juli u vun Hesper aus soll operationell sinn.
De Chamberbüro krut haut éischt Conclusiounen aus enger Enquête vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Chamberwahle vum leschte Joer presentéiert, deemno ware 40 Prozent vun de Wieler nach bis déi lescht Woch virun de Wahlen onsécher, wiem si hir Stëmm sollte ginn.
Dikrech huet eng nei, méi kleng Brauerei. D'Gebai gouf haut ageweit.
Den däitsche Bundesrat huet haut eng Partie Gesetzer ugeholl, déi d'Diesel-Fuerverbueter an de Stied méi labber maachen.
Den Automobilproduzent Ford wëllt an Däitschland 5.000 Aarbechtsplazen ofbauen, fir d'Geschäft nees profitabel ze maachen.
Haut goufen d'Véierelsfinallen an der Champions- an an der Europa League ausgeloust.