Klassik aktuell
Resonanzen - Bach in the Subways
Den 21. Mäerz 2010 sëtzt den Cellist Dale Henderson an enger Metrosstatioun zu New York a spillt Bach. Et dauert net laang, an de Museker fënnt Kolleegen, déi matmaachen. Aus där spontaner Aktioun huet sech bannen e puer Joer eng international Initiativ ronderëm de Gebuertsdag vum Thomaskantor entwéckelt: Bach in the Subways. Antëschent ass och Lëtzebuerg vum Bach-Virus ugestach, an de radio 100,7 ass dëst Joer Deel vu Bach in the Subways. D'Anne Clement (Blockflütt a Viola da Gamba) spillt live, mir presentéieren een neien Bach-Disk mam Organist Olivier Latry, an d'Coordinateure vum Projet si Gäscht am Studio.