Panorama
Panorama
Kënnt et zu engem Brexit ouni Accord? D'EU Staats- a Regierungscheffen diskutéieren haut, op si Groussbritannie méi Zäit accordéiere fir d'Konditioune vun hirem Austrëtt ze definéieren. Vill Spillraum wëlle si de Briten awer net méi ginn.
Mat Depensë vun iwwer 3,5 Milliarden Euro ass de Ministère vun der Sécurité Sociale dee mat den héchsten Depensen. Wann et bei där stabeler Hausse vum Emploi a vun der Wirtschaft bleift, da kréich een och kee Problem mat eise Systemer, mengt de Sozial-Minister Romain Schneider.
D'Auslännerorganisatioun ASTI kritiséiert, datt am Staatsbudget fir 2019 méi fir d'Sécherheet an de Flüchtlingsstrukturen ausgi gëtt an net genuch fir d'Integratioun.
182 Persounen hunn am Februar Asyl hei am Land ugefrot.
D'Subventiounspolitik am Kulturberäich an d'Schafe vun engem Arts Council stoungen haut am Mëttelpunkt vun enger éischter Diskussiounsronn ronderëm de Kulturentwécklungsprogramm, KEP
Bis 2028 soll d'Kläranlag d'Ofwässer vu maximal 450.000 Awunner an a ronderëm d'Stad botze kënnen. Bis elo war de Site fir maximal 210.000 Awunner ausgeluecht.
Beim Ënnergang vun enger Fähr am Norde vum Irak sinn op d'mannst 71 Mënschen ëm d'Liewe komm.
A Brasilien gouf de fréiere President Michel Temer festgeholl. Dat am Kader vun enger Enquête ronderëm dee gréisste Korruptiounsskandal a Latäinamerika.