An enger Woch (5.4.2019) kënnt deen drëtten Disque mat Wierker vun der Escher Komponistin Helen Buchholtz eraus. No enger éischter Serie vu Lieder a Pianoskompositioune sinn et elo weider Melodien, déi d'Gerlinde Sämann an de Claude Weber opgeholl hunn. Ronderëm dësen neie CD-Projet ass och een Documentaire iwwert d'Helen Buchholtz entstanen.