Klassik aktuell
Meeschter vun der Wiener Operette
De 7. Juni geet am Zeitbrücke-Musée zu Gars an Nidderéisträich eng Ausstellung iwwert de Franz von Suppé op. De Suppé hat zu Gars e Bauerenhaff kaf, wou en a senge spéide Jore vrun allem de Summer iwwer gelieft an och geschafft huet. Schonn no sengem Doud huet dem Komponist seng Fra am Haus e klenge Musée ageriicht mat villen Dokumenter, déi spéider op Wien koumen an elo fir d'Ausstellung fir den 200. Gebuertsdag vum Komponist nees zu Gars gewise ginn. De Franz von Suppé ass de Komponist vum Mount um radio 100,7.