arrow_back_ios
CD-Klassik
Weder Oper nach Houmass
No der grousser Symphonik aus dem 19. an dem 20. Joerhonnert proposéiert Pentatone Classics a senger Serie mat Opname mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dem Gioacchino Rossini seng "Petite messe solennelle" ënnert der Leedung vum Gustavo Gimeno. De Chefdirigent vum OPL mécht aus dësem Rossini-Spéitwierk weder eng grouss Oper nach eng Houmass. E fënnt de perfekte Mëttelwee.