Klassik aktuell
"De Paulus ass en déckt Goldstéck Musek"
Den Hans-Christoph Rademann ass eng vun de grousse Perséinlechkeeten aus der internationaler Chouerzeen. De Spezialist vun der aler Musek war Dirigent vum RIAS-Kammerchor, vum NDR-Chouer an ass aktuell Chef vun der Internationale Bachakademie Stuttgart. Den Owend (11.4.2019) dirigéiert den Hans-Christoph Rademann an der Philharmonie den Oratorium "Paulus" vum Felix Mendelssohn Bartholdy mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an der Gächinger Cantorey.