arrow_back_ios
CD-Klassik
Vokal Expressivitéit
Dacks hunn d'Haaptfiguren an den Operen och déi schéi Melodien. Dat ass op alle Fall den Androck, deen ee kann hunn, well et si meeschtens déi Arien, déi een op deene sëlleche Kompilatiounen ze héiere kritt. D'Komponisten hunn allerdéngs d'Figuren aus den Niewerollen net vergiess. Dat ënnersträicht d'Altistin Julia Böhme an hirem neien Album "Seconda Donna".