Panorama
Panorama
D'Gemeng Käerjéng huet en neien Tracé proposéiert fir den Zonk géint d'afrikanesch Schwéngspescht. Den Zonk soll ënner anerem méi no bei der belscher Grenz verlafen.
De Mario May wëllt eng nei Partei grënnen. Dat seet den demissionäre Vize-President vun Déi Konservativ am 100,7 Interview.
De fréiere Chef vum VW-Konzern, Martin Winterkorn, gouf an der Suite vum Ofgas-Skandal vum Parquet ugeklot. Dat ënner anerem wéinst gravem Bedruch.
D'EU-Copyright-Reform ass definitiv ugeholl. Lëtzebuerg huet dogéint gestëmmt.
D'EU-Staaten hunn haut gréng Luucht gi fir den Optakt vun de Verhandlungen tëschent der EU-Kommissioun an den USA a Saachen Handelssträit.
D'Zuel vun de Riedel-Infektiounen ass weltwäit zanter ufanks des Jores ëm 300 Prozent an d'Luucht gaangen am Verglach mat de selwechte Méint d'lescht Joer, esou d'Weltgesondheetsorganisatioun.
D'Manifestanten am Sudan fuerderen, datt de militäreschen Iwwergangsrot soll opgeléist an d'Cheffe vun der Justiz sollen ofgesat ginn.