Panorama
Panorama
Soll an der Suite vun der ëmstriddener Virgoensweis vum Mobilitéitsminister François Bausch d'Gewaltentrennung prinzipiell an der Chamber thematiséiert ginn? An där Fro ginn d'Meenunge vun de Parteien auserneen.
Den LCGB fuerdert vu Liberty House, déi dat Diddelenger Stolwierk iwwerhëlt, eng kloer Strategie fir d'Zukunft.
A Saachen Tracé vum Zonk géint d'Schwéngspescht wëllt de Landwirtschaftsminister Romain Schneider den nächsten Dënschdeg eng Decisioun huelen. Den Zonk kéint méiglecherweis iwwer Péitenger Territoire bis un de südlechste Punkt vun der Grenz mat der Belsch verlängert ginn.
D'Europaparlament huet gréng Luucht gi fir nei a méi streng Klimaschutzziler fir Camionen. Déi stoussen awer bei den Transporteuren op Widderstand.
Bei de Wahle fir dat neit Europaparlament a gutt engem Mount géif, enger neier Projektioun vum Europaparlament no, déi Europäesch Vollekspartei stäerkste Kraaft bleiwen.
Et géife keng Beweiser gi fir geheim Accorden tëschent dem Wahlkampfteam ronderëm den US-President Donald Trump a russeschen Diplomate während de Presidentiellen 2016. De geschwäerzte Rapport vum Spezialenquêteur Robert Mueller gouf den Owend vum Justizministère publizéiert.
19 Filmer sinn an der Haaptkompetitioun fir déi 72. Editioun vum Festival zu Cannes. Op der offizieller Lëscht mat de Filmer um Festival stinn och dräi lëtzebuergesch Koproduktiounen.