arrow_back_ios
CD-Klassik
Zwee Concertoen ouni Orchester
Ee Pianist an fënnef Sträicher: Méi brauch ee wéi et schéngt net, fir dem Frédéric Chopin seng zwee Concertoen ze interpretéieren. De Pianist David Lively iwwerzeegt mat sengen eegenen Adaptatioune fir Sträichquartett, bei deenen engem de vollen Orchester zu kengem Moment feelt. Begleet gëtt de Pianist vum Quatuor Cambini-Paris zesumme mam Kontrabassist Thomas de Pierrefeu.