Panorama
Panorama
Et brennt den Ament zu Veianen am Bësch, d'Pompjeeë sinn op der Plaz.
Et feelt un Hotellen an der Haaptstad fir der Demande gerecht ze ginn, seet den Direkter vum Luxembourg City Tourist Office, den Tom Bellion.
No de schlëmmen Attentater gëschter op Sri Lanka goufen haut weider Sprengsätz an der Haaptstad Colombo fonnt a kontrolléiert gesprengt. Eng weider Persoun gouf festgeholl.
Haut ass et eng Woch hier, datt et zu Paräis an der Kathedral Notre-Dame gebrannt huet. Esou séier wéi méiglech soll dat historescht Gebai restauréiert ginn, eng Entreprise fir déi aus der ganzer Welt Hëllefsversprieche kommen
Vun Ufank Mee u gëllen d'Sanktioune vun den USA um Import vu Pëtrol aus dem Iran ouni weider Ausname fir bestëmmte Staaten. Dat huet d'Wäisst Haus zu Washington annoncéiert.
Russland wëllt zu dësem Zäitpunkt nach net iwwer eng eventuell Zesummenaarbecht mam neien ukrainesche President Wolodymyr Selenskyi schwätzen.
Bei engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,3 am Norde vun de Philippinnen sinn op d'mannst fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm.
D'Mandy Minella steet am Haapttableau vum WTA-Tennistournoi zu Stuttgart. De Mëtteg huet d'Lëtzebuergerin am drëtten Tour vun der Qualifikatioun an dräi Sätz mat 6:3, 5:7 a 6:2 géint d'Russin Vera Zvonareva gewonnen.