CD-Klassik
Harmoniemusek vu Breslau
Harmoniemusek - Kompositioune fir Bléiserbesetzungen - hat hir grouss Zäit am 18. Joerhonnert. Et war e Genre Musek, deen e virun allem Open Air spille konnt an deemno beschtens ze gebrauche fir Gaarden- a Wisefester vun der gudder Gesellschaft vun deemools. Wou Demande ass, entsteet och eng Offer, an esou sinn e sëlleche Wierker - Arrangementer an Originalmusek fir Bléiserensembelen entstanen. Aus dësem Fundus schäfft och eng nei CD-Produktioun vun NFM-Recordings.