Panorama
Panorama
Ëffentlech Investissementer an de Spidolssecteur vun am Ganze 660 Milliounen Euro wieren net wéi gesetzlech virgesi gepréift ginn. Zu där Conclusioun kënnt de Rechnungshaff.
Bei der ADEM huet e Mataarbechter tëschent Februar an Abrëll dëst Joer op d'mannst 90.000 Euro ënnerschloen. Dat soten den Aarbechtsminister an d'ADEM Direktesch haut an der Chamber. D'Enquête ass nach ofgeschloss.
D'Bankinstituter op der Lëtzebuerger Finanzplaz hunn d'lescht Joer e geschaten Nettoresultat vun 3,8 Milliarden Euro gemaach, esou d'ABBL.
Lëtzebuerg huet seng Positioun iwwer den zukünftege Fräihandelsaccord tëschent der EU an den USA geännert, kritiséiert d'Plattform Stop TTIP & CETA.
Fréiere katalanesche Regional-President Carles Puigdemont dierf net fir d'Europawahle kandidéieren.
D'Zerstéierung vun der Biodiversitéit géif d'Wuelbefanne vum Mënsch op d'mannst esou vill bedree wéi de Klimawandel, warnen UNO-Experten.