Klassik aktuell
Macht, Onmacht & Empowerment als Thematik
De Staatstheater Saarbrécken bitt an der Groussregioun eng grouss Offer u qualitativen Operen, Concerte mee och Schauspill an aner Gattungen. Dat komplett véier Sparten-Haus, huet de leschten Dënschdeg seng nei Saison 2019/2020 der Press presentéiert. Wéi esou dacks steet e politescht engagéiert Thema dat ganzt Joer um Programm.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Intendant Bodo Busse an dem Generalmuseksdirekter Sébastien Rouland ënnerhalen.