Panorama
Panorama
Bis de Summer soll et am Sträit ëm d'Aarbechtszäitreegelung bei der Police en Accord tëschent deene concernéierte Parteie ginn, seet de Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch
Virun der Summervakanz soll och dat neit Gesetz iwwer den nationale Vëlosreseau duerch d'Chamber goen.
D'Bankegewerkschaft ALEBA reprochéiert der Banken a Banquiersassociatioun ABBL d'Salariéeën am Finanzsecteur, déi méi al wéi 50 Joer sinn, ze diskriminéieren, well si deen zousätzlechen neie legale Congésdag net solle kréien
De Medieminister Xavier Bettel wëllt sech net an d'Diskussiounen tëschent der ALIA an RTL iwwer d'Diffusioun vun de Wahlspotten amëschen.
Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hunn eng Entdeckung gemaach, duerch déi de Kriibs am Déckdaarm méi lues kéint virugoen.
Nom gescheiterte Putschversuch vun der Oppositioun am Venezuela huet de President Nicolàs Maduro d'Arméi dozou opgeruff, seng sozialistesch Regierung ze verdeedegen.
Un der indescher Ostküst mussen honnertdausende Mënsche virum tropesche Wierbelstuerm Fani a Sécherheet bruecht ginn.