Panorama
Panorama
An der Chamber war de Mëtteg d'Gedenkzeremonie fir de Grand-Duc Jean a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume.
Den Hotel Alfa soll 2021 seng Dieren nees opmaachen, ënnert der Leedung vun der Hotelskette Marriott, mellt de Magasinn Paperjam
D'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ begréisst d'Ännerungen déi um nationale Vëlosreseau gemaach solle ginn, allerdéngs hätt ee sech bei de Schnellpiste ronderëm d'Stad méi ambitiéis Ziler kënne setzen.
Eise Korrespondent Phillip Crowther ass den Ament am Venezuela, wou et bis ewell keen Auswee aus der politescher Kris ze gi schéngt.
D'EU an d'Vereenten Natioune warne virun enger humanitärer Kris a Syrien.
2 Mënsche sinn an Indien duerch den Zyklon "Fani" ëm d'Liewe komm.
D'Verbandsgeriicht vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun huet e Club-Member aus der Millebaach wéinst versichter Bestiechung fir dräi Joer gespaart.
D'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe kritt réckwierkend keng 3 Punkte géint d'Ukrain. D'UEFA huet elo an där Affär tranchéiert.