Klassik aktuell
Eng verkannte Pionéierin
8 min
Mat engem Stouss vun Nouten, déi bal 40 Joer an enger Wallis verstoppt waren, huet alles ugefaangen. Et ass d'Entdeckung vun der Escher Komponist Helen Buchholtz an hirer Musek, déi zanter den 90er Jore vun der Musekologin Danielle Roster am CID-Femmes erfuerscht ginn. Antëschent si schonn eng Partie Diske mat Musek vun der Helen Buchholtz publizéiert ginn. D'Komponistin ass och Thema vun enger Dokteraarbecht op der Universitéit zu Hamburg.