arrow_back_ios
CD-Klassik
Hugo Alfvén
Den Hugo Alfvén war e schwedeschen Dirigent a Komponist, deen tëschent 1872 an 1960 gelieft huet. Nieft Kammer- a Vokalmusek huet hien och eng ganz Rëtsch Orchesterwierker geschriwwen. Dorënner si fënnef Sinfonien, déi den Dirigent Łukasz Borowicz grad mam Deutschen Symphonie-Orchester Berlin aspillt a publizéiert. Déi lescht Sortie aus dëser Serie ass en Disk mat der drëtter Sinfonie vum Hugo Alfvén.