Panorama
Panorama
Den ALIA-Direkter Romain Kohn kritt säi Mandat - dat Enn des Mount ausleeft - net d'office verlängert. Dat huet de President vum Verwaltungsrot eis confirméiert. D'Entscheedung wier awer net a Relatioun mat der Diffusioun vun Europa-Wahl-Spotte bei RTL, esou den Thierry Hoscheit.
Fir d'Sécherheet op de Lëtzebuerger Stroossen ze verbesseren ass ënner anerem d'Aféiere vun engem sougenannte Strecke-Radar tëschent Gonnereng an dem Waldhaff virgesinn.
Den Giovanni Giallombardo gouf als neie President vum Luxair Verwaltungsrot nominéiert.
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg dementéiert am 100,7-Interview rezent Aussoe vum President vun der Jeeër-Federatioun Georges Jacobs.
Den US-Konzern Monsanto soll virun der Iwwernam duerch Bayer méiglecherweis nieft Frankräich och an aneren EU-Staate Lëschte mat Kritiker a Supporter opstelle gelooss hunn.
China äntwert am Handelssträit mat den USA elo och mat Stroftaxen.
D'amerikanesch Sängerin a Schauspillerin Doris Day ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen.