Panorama
Panorama
De Grand-Duc Jean soll ee Monument kréien. D'Regierung huet haut entscheed, fir d'Preparativen dofir ze lancéieren.
D'CSV wëllt datt no den Europawahlen ee vun den europäesche Spëtzekandidaten de Posten vum EU-Kommissiounspresident kritt. An zwar deen deen eng Majoritéit am EU-Parlament huet.
Et misst ee keng Angscht hu virun engem méiglech Afloss duerch den neie chinesechen Aktionnär, mengt den Direkter vun Encevo.
An der Gemeng Wäiswampech kéint et zu engem Referendum kommen iwwer den ëmstriddenen Vakanzen-Zentrum beim Séi, mellt d'Lëtzebuerger Wort.
Am Prisong zu Schraasseg huet ee Prisonnéier véier Giischtecher blesséiert, confirméiert d'Direktioun vun der Administration Pénitentiaire.
D'FLF geet an Appell géint d'Entscheedung vun der UEFA an der Suite vum Match Lëtzebuerg géint d'Ukraine.
Den Däitsche Pascale Ackermann wënnt déi fënneft Etapp vum Giro d'Italia am Sprint an am Reen. De Lëtzebuerger Bob Jungels gouf den 38., de Ben Gastauer den 143.