Panorama
Panorama
Am Joer 2040 sollen um Kierchbierg bis zu 25.000 Leit wunnen, a bis zu 67.000 Leit schaffen. Deen Entwécklungsszenario zeechent de "Fonds Kirchberg".
De Postgrupp huet d'lescht Joer e Benefice vum 33 Milliounen Euro gemaach, dat ass e liichte Réckgang par Rapport zum Joer virdrun.
Anescht wéi d'Gewerkschaften OGBL an LCGB ass ee bei Arcelor-Mittal net der Meenung, datt den Tripartite-Accord am Stolsecteur misst erneiert ginn.
Bal 4.500 Demanden sinn d'lescht Joer gemaach gi fir de Pappe-Congé.
Den CET fuerdert méi eege Kompetenzen fir Diskriminatiouns-Affer besser hëllefen a schützen ze kënnen.
Déi britesch Premierministesch wëll den Deputéierten een neie Brexit-Accord proposéieren a si ënnert anerem iwwert d'Ofhale vun engem zweete Brexit-Referendum ofstëmme loossen.
De Fransous Arnaud Démare wënnt déi 10. Etapp am Giro vu Ravenna op Modena.